An der Geschicht vun der Suessemer Musek, déi elo 111 Joer huet, hu mer scho vill Saachen ausprobéiert oder organiséiert...
Awer eppes huet ëmmer gefeelt ...
EISEN EEGENE BÉIER
2016 war et dann esou wäit!! Wa mer schonn en Béierweekend organiséieren, firwat solle mer dann net eisen eegene Béier brauen? Wëll mer awer an deem Beräich leider kee Plang hunn, ass d’Decisioun schnell gefall, fir op professionell Hëllef zeréckzegräifen. Beim Recherchéieren um Internet, si mer schnell op d'Brauerei “Den Heischter“ gefall.
No:
- engem Uruff,
- enger Visite,
- enger Béierdegustatioun,
- engem Mount Brauen,
- an enger Liwwerung op Suessem,
waren d'Béier-Déngen-Kréi gefëllt. D'Resultat vum SUessemer MUSek's Béier - kuerz SUMUS gedeeft - kënnt Där och dëst Joer erëm op engem vun eisen 2 Owender genéissen.
SUMUS et sinn