D'Jongbléiser vu Suessem

  

Den Ensemble vun de Suessemer Jongbléiser erméiglecht Nowuesmusikante vun allen Altersklassen, mat Ënnerstëtzung vun erfuere Museker, scho ganz fréi an der Musek matzespillen.

 

Déi Verantwortlech vun der Harmonie Concorde Suessem hate sech virun etleche Jore Gedanke gemeet, wéi d’Zukunft vun hirer Musek och weiderhi kéint garantéiert ginn. Si haten d’Zeeche vun der Zäit erkannt an hunn den 28. Mäerz 1983 d’Suessemer Jongbléiser gegrënnt.

 

D’Jongbléiser, déi ënnert der Leedung vum Laurent Paolucci stinn, gi mat vill Gedold a Professionalitéit gefouert. Am Virdergrond sti virun allem de Spaass un der Musek, d’Freed um Zesummesinn an daat alles an enger lëschteger Équipe.

 

Spills och du eréischt säit kuerzem en Instrument an géifs gär bei eis matspillen, da komm eis an eiser Prouf besichen: all Donneschden vun 18:00 bis 19:00 Auer. Mir freeën eis iwwert all motivéierte Musikant.


Impressum | Datenschutz | Cookie-Richtlinie | Sitemap
Harmonie Concorde Sanem Asbl 2010